De Syndicat d’Initiative Stolzebuerg A.s.b.l. engagéiert een/eng: Agent(in) fir den touristischen Accueil (m/w)

Fir d’Gestioun vun der Koffergrouf an dem Musée / CDI, Vollzäit (40 St / Woch) fir direkt unzefänken

Missiounen

  •  Organisatioun an Ausféierung vu Féierungen an Koffergrouf(Guide)
  • Accueil an Encadrement vun Visiteuren
  • Gestioun vun der Homepage, de soziale Medien an dem Reservatiounsprogramm
  • Marketing, Koordinatioun vun der Promotioun
  • Telefoneschen Accueil an Gestioun vun de Mailen
  • Gestioun vum Material
  • Encadrement vun de Studenten an de Schoulvakanzen

Gesichten Profil

  •  Ofschlossdiplom vun den « Etudes secondaires ou équivalent », oder, am Fall wou, Certificat vun enger Formatioun oder praktescher Erfarung am Domaine vum Tourismus oder Marketing
  • Autonomie, responsabilitéitsbewosst schaffen an Initiativen ergräifen
  • Oppen op d’Leit zougoen
  • Maîtrise vun de gängege Büros-Programmer
  • Perfekt Kenntnis vun de Sproochen Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch, souwuel am schrëftlechen ewéi och am Oral. D’Kenntnis vum Hollänneschen ass vu Virdeel.
  • Flexibilitéit an de Schaffstonnen (Weekender & Feierdeeg)
  • Net fäerte virun ënnerierdesche Visitten an net klaustrophobesch sinn
  • Autosfürerschäin mat perséinlechem Auto

Avantagen

  •  D’Kenntnis vum Hollänneschen
  • Certificat vun engem Éischt-Hëllef-Cours
  • Professionell Erfarung am Domaine vun der Gestioun vun touristeschen a kulturelle Projeten

Kandidaturen sollen u folgend Adress geschéckt ginn:

Syndicat d’Initiative Stolzebuerg A.s.b.l.
27, rue principale
L- 9463 Stolzembourg
oder per e-mail (fzanter@pt.lu) bis spéistens den 31.03.2023.

Folgend Piècë mussen obligatoresch dobäi sinn:

  • Een detailléierten CV
  • Ee Motivatiounsschreiwes
  • Eng Kopie vun den Diplomer
  • Een rezenten Extrait vum « casier judiciaire »

Partenaires