D‘Bäckerei „AU CROISSANT D’OR“ vu Veianen bakt dëse Chrëschtstollen no engem alen Familienrezept, op eng traditionell Aart a Weis. Uschléissend gëtt de Stollen wärend 3 Wochen an der Koffergrouf zu Stolzebuerg bei konstanter Temperatur an Loftfiichtegkeet gelagert. Duerch dësen Prozess kënnen d‘Aromaen an d‘Goûten sech am ganzen Stollen entwëckelen an et entsteet en héichwäerteg qualitativen Stollen aus der Regioun.
Dir kënnt d‘Stollen beim Syndicat d’Initiative vu Stolzebuerg direkt um Internet www.stolzembourg.lu bestellen oder eng SMS schecken mat ärem Numm, Virnumm an gewënschten Ofhueldatum op den Tel. 621 319 488 bis spéitstens Méindes den 1. Dezember 2025.
Direkt hei bestellen
Ofhuelen vum Stollen ass am Festsall 14, rue principale zu Stolzebuerg:
den 5. / 6.Dezember oder den 19. / 20. Dezember jeweils vun 10:00 bis 16:00 Auer. Präisser sen déi selwecht wéi lescht Joer: Den normalen Stollen (500 gr) kascht 22 € an de Stollen (500 gr) mat Marzipan 25 €.
Konto LU30 0019 5255 5529 6000 BCEELULL Empfänger SI Stolzebuerg/Mines de cuivre
Bilder©Caroline Martin-Naturpark Our